lc2.jpg
1-06-2022 LLC-11.jpg

Léif "Ladies",
Léif Inviteeën,

De Motto vum Joer 2022-2023 ass "TOGETHER WE ARE STRONG" Zesummen erreeche mer méi, si mer méi staark, sou och an eisem neie Comité 

Innerhalb vun de Ladies "TOGETHER WE ARE STRONG": e fir den aneren do sinn, wann et engem gutt oder schlecht gëtt, sech hëllefen, generéis sinn, zesummen halen am Alldag an am Circler Liewen. Zesummenhalt am Club an ënnert de Clibb! Vill flott Projeeën sti fest.

 

Den LC1 organiséiert e Summer BBQ, pléckt an Zesummenaarbecht mam Agora Vip Club Lëtzebuerg Uebst a kacht Gebeess, dat si speider verkaafen. Beim Pappendag on wheels ginn d’Pappen an all méiglech männlech Familljemebere verwinnt an dest mat engem Frühstück an d’Haus geliwwert. Den Olivenueleg vum LC1 ass net ze verpassen a beim X-mas on wheels kann d’ganz Famill vun engem gudde Frühstück profitéieren.

 

Den LC2 huet um Blues Express e Gedrenksstand teschend den eenzele Musiksbühnen a verbënnt Aarbecht mat Party. Um Riesling Open ginn d’Gäscht vum Wenzer Clos mon moulin Duhr Frères servéiert. D’X-mas Party ass 4 net aus der Agenda ze streichen an den Tanz in den Mai huet no 3 Joer Paus nees Platz an der Agenda.

 

Um Grill um Bill ass den LC3 beim Champesstand net eweg ze denken. D’Family Party, wou mer all zesummen e schéine Moment kenne verbrengen, organiséiere sie dest Joer. Den Online Adventskalenner steet ass och nees um Programm.

 "TOGETHER WE ARE STRONG" am Circler Liewen, zesumme mam Agora, der Table Ronde, den auslännesche Ladies Circlen, dem LCI wëlle mer méi erreechen, eis méi hëllefen, méi innovativ, kreativ sinn a weider kommen.

Den LCL hellt um Lëtz go gold zesumme mam Agora VIP Club Deel, souwuel bei der Emsetzung wéi och mat enger Equipe vu Leefer.

 

Op der Porte ouverte vun der Fondation Autisme Luxembourg bidd den LCL e Face Painting Stand fir d’Kanner un. Ganz am Zeeche vum Octobre Rose geet et beim Side by side vun der Table Ronde an dem LCL. E wichtegt Thema, dat Mann a Fra betrëfft!

 

D’Street Angels kréien hier Dëppen e puer Mol am Joer mat enger warmer Molzecht gefellt a mär sammelen Iesswueren a Hygiensartikele fir sie.

 

D’ISP Party an den Internationalen LCI Dag hu feste Bestand am Liewe vum LCL a beim Relais pour la vie starte mär nees mat enger Equipe.

 

D’Ladies Famill get méi grouss a freet sech iwer 2 Charter: den LC4, den anglophone Club, am Hierscht an den LC5 Osten, mat Siège op der Musel a Sauer, am Fréijoer. Vill nei engagéiert Fraën zielen ab dann offiziell zu eiser Famill a mär werten all zesummen eng flott Zeit hunn.

 

Ech freeë mech op e flott Joer mat all de verschiddenen Akteuren ganz am Zeeche vun "TOGETHER WE ARE STRONG"

Véronique Petit

National President 2022/2023

    morning.png

    WELCOME

    ​TO THE LADIES CIRCLE LUXEMBOURG

    Friendship & Service